Schnëssen

價格:免費

更新日期:2018-05-15

檔案大小:4.6 MB

目前版本:1.0.1

版本需求:需要 iOS 10.0 或以上版本。與 iPhone、iPad 及 iPod touch 相容。

支援語言:法文, 英語

Schnëssen(圖1)-速報App

Schnëssen ass déi éischt App, fir d’Lëtzebuerger Sprooch vun haut an all hire Facettë mat Toun-Opnamen ze erhiewen an ze dokumentéieren.

Schnëssen(圖2)-速報App

Egal, ob Dir ‘nik’, ‘nit’ oder ‘net’ sot, ob Dir oft ‘séier’ oder dacks ‘schnell’ sot –, mir a mär siche Leit, Lékt a Lëtt, déi Freed drun hunn, geschwatent Lëtzebuergesch mat der App ze sammelen! Matmaache ka jidd(w)ereen, dee Lëtzebuergesch schwätzt – egal, ob jonk oder al, Mammesproochler oder net, ob vu Steebrécken, aus dem Pommerlach oder vun der Wuermer Köppchen. Mir wëllen dat ganzt Spektrum vum Lëtzebuergeschen héieren: Schwätzt an eis App eran – spontan a sou wéi gewinnt, egal aus wéi engem Eck vum Land Dir kommt. Mat Ärer Participatioun hëlleft Dir eis immens bei der Erfuerschung vun der Sprooch an hiren Dialekter.

Schnëssen(圖3)-速報App

Iwwert d'App kënnt Dir all Opnam direkt lauschteren an dobäi d'Villfältegkeet vum haitege Lëtzebuergesche kenneléieren. D'Zil ass et, d'Sprooch vun all Generatioun aus all Uertschaft am Land fir de Grand public an d’Fuerschung ze dokumentéieren.

Schnëssen(圖4)-速報App

Dës App ass Deel vun engem Projet op der Universitéit Lëtzebuerg (Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft).

Schnëssen(圖5)-速報App

支援平台:iPhone